Skip to Content

Iwwer d'PMD

d'Dikricher Stadmusik...

...ass 1868 gegrënnt ginn an huet an deene leschte Joren eng erstaunlech Entwécklung erlieft a mir wëlle kuerz e puer vun de realiséierte Projeten opzielen: „Gershwin meets Bernstein“, „The Spirit of Celtic“, „Hommage à Pol Gilson“, oder eis Rock Oper „Love @ Music“ déi mir am Kader vun 750 Joer Stad Dikkrich opgeféiert hunn. E flotte Succès kennen awer och eis Concert’s-Serië „PMD meets…“ (Italy, Vienna, Netherlands, Luxembourg,…).

 



Am Kader vun eise Concert‘en ënner dem Numm „PMD tells Movies“ an „PMD & Friends“ spille mir Musik synchroniséiert zu de passende Film-Ausschnëtter, déi am Hannergrond ze gesi sënn, respektiv hu mir eng Gaascht-Musik op Besuch.

 

Eis Musikanten stoungen an de letzte Jaren ënner der Leedung vun engagéierte Cheffen, wéi z.B. engem Théo Schalz, Joé Dudzinski, Luc Rodenmacher oder Ernie Hammes, déi mat vill Energie an Éiergäiz eis musikalesch Leeschtung op e ganz héijen Niveau bruecht hunn.

 

2011 konnt d’PMD zu Meinisberg an der Schwäiz um Internationale Blosmuseksconcours am Kader vun engem flotten Ausfluch e gudden 2. Präis mat Heem bréngen.

 

Als ee weideren Héichpunkt aus der rezenter Vergaangenheet sollt ee ganz gewëss op d’Joer 2018 zeréckkucken, wou mir eisen 150. Anniversaire konnte feieren. Iwwer dat ganz Jar hu mir eise Memberen an dem Public vill Highlights gebueden, wéi z.B. e gemeinsame Concert mat der Ettelbrécker Musek an de Concert „Best of Movies“ op der grousser Bühn vun der ausverkaafter Philharmonie um Kierchbierg.

 

Et ass also ëmmer fir genuch Aktivitéite gesuergt bei der PMD. Dëst beschränkt sech och net nëmmen op de musikaleschen Niveau – ënner anerem organiséiere mir jo och dat bekannten „Dikircher Béierfest“ an huelen u Manifestatioune wéi z.B. der Cavalcade deel.

 

Vum Oktober 2023 u steet eise 'groussen' Orchester elo ënner der Leedung vum erfuerenen Dirigent Daniel Heuschen. Mat him un eiser Spëtzt si mir weiderhi gutt opgestallt a freeën eis op déi nächst musikalesch Erausfuerderungen.

 

A fir dass d’PMD och nach fir déi nächst 150 Joer gerëscht ass, këmmert sech de Bob Minette, en ausgebilte Musikspedagog, ëm eis Junioren. Zu eiser Jugendformatioun fannt Dir och sämtlech Informatiounen hei op eiser Homepage.

eis Dirigenten

Daniel Heuschen

säit Oktober 2023

Klarinettist, Kompinist & Dirigent

Ernie Hammes

2016 bis 2023

Jazz-Trompettist & Militärmusiker

Luc Rodenmacher

2001 bis 2016

Trompettist, Komponist & Arrangeur

 

Christian Gregorius

1998 bis 2001

Serge Parisi

1997 bis 1998

Joé Dudzinski

1986 bis 1997

... 

Gitt och Dir Deel vun eiser Equipp!

Schreift eis a kommt an eng vun eise Prouwe kucken. Bei Bedarf stelle mir och gratis en Instrument zur Verfügung

Kontaktéiert eis