D'Dikricher Lett waren nach ëmmer musikalesch...

 

...mee eréischt nodeems den 11. Mä 1867 zu London ënner anerem beschloss gouf d'preisesch Garnisoun misst eist, vun desem Moment un onofhängegt an neutraalt Ländchen, verloossen, woumat selbstverständlech och di Dikricher Garnisounsmusek vum 2. Jägerbatailloun, déi an der Emgéigend bei wäitem dominéiert huet, ofgezu ginn ass, konnt sech d'Dikricher Musiksgesellschaft richteg forméieren.

 

No grad emol e bëssen méi wi engem Jar, den 15. November 1868, ass d'Philharmonie Municipale dunn offiziell gegrënnt ginn.

 

Als éischten Präsident gouf den Prosper Brassel (1868 - 1884) ernannt. Di musikalesch Leedung ënnerlouch dem Jean-Pierre Fischer (1868 - 1890). Am Laf vun den Jaren huet nët nëmmen den Stil, mä och d'Qualitéit vun der Philharmmonie sech verännert. Nodeems d'Musik sech en gudden Numm an der Emgéigend an iwwerhaapt am ganzen Land gemaach hat, sinn d'Musikanten och am Ausland hirer Leidenschaft nogaang. Muncher een erënnert sech nach mat Freed zum Beispill un d'Konzerten 1963 zu Ostende, 1975 zu Zell am See, 1989 zu Hamburg am Kader vum 800. Gebuertsdaag vum Hafen, oder 2007 am Tirol.

 

DSC_13301Am Laf vun desen Jaren waren och zwee aner jonk Männer Dirigent vun der Musek, déi och haut nach een Numm zu Dikrich hunn. Een dovun ass esouguer nach haut als manner jonken Här an der Philharmonie aktiv. Geméngt sinn natiirlech den Théo Schalz (1965 - 1979) an den Joé Dudzinski (1982 - 1997). Säit 2000 ass et den Luc Rodenmacher, deen den Dirigentestaf féiert.

 

No der 125-Jarfeier am Joër 1993 huet di Dikircher Philharmonie sech op een Neits der Zäit ugepasst an hir Konzerten ëmmer ërem matt verschiddene Spektakelen verbonnen. Groussen Erfolleg huet nët nëmmen d'Serie vun den "No Limits Show-Concert'en" kannt, mä och d'Konzept vum "Classical Moments", deen 2000 eng éischten Kéier stattfonnt huet, oder den aktuellen Konzept "PMD meets..." (...Vienna am Joër 2009).

 

D'Visite vun engem weltbekannten Komponist, an der Persoun vum hollänneschen Johann de Méij am Kader vum "Classical Moments 2007", oder den Musical "Love @ Music" weisen, dass di Dikricher Musikanten qualifizéiert an motivéiert genuch sinn, fir och an Zukunft  hirem treien Public onvergiesslech Momenter fir d'Oueren, wéi fir d'An unzebidden.