|

Den 23. Mee, Péngschtsonndig war et rem su wäit:
Nom grousse Succès vun der leschtjähreger Neioplag vum Béierfest am Park zu Dikrech, war och dest Joer bis Mëtternuecht fir Iessen an Gedrénks gesuergt. Musikalesch gouf d'Fest vun den Zolwerknappbléiser, der Eschduerfer Musik, an Sigma 7 encadréiert. D'Photoen vum Béierfest 2010 gin an den nächsten Deeg online gesaat.
Dir dierft Ierch deemno schon op d'Editioun 2011 fréen!

|
|
|
LOVE @ MUSIC
Leschte Weekend wor de grousse Moment endlech do. D'Dikricher Musik huet hiren selwer geschriwwenen Musical opgefouert.
Mat tobendem Beifall gouf hir Arbecht belount. Heimadder soe mer iech all ee grousse Merci, all deenen di eis op irgendeng Art a Weis ënnerstëtzt hun, an och all deenen zahlräiche Leit di eis kucke komm sin.
D'Fotoen goufe vum Claude Dirkes gemach.
 |
|
|
|